Ranger 1

Vu Wikipedia
D'Moundsond Ranger 1

D'Ranger 1 war eng Sond am Kader vum Ranger-Programm vun den USA a gouf den 23. August 1961 mat enger Atlas-Rakéit gestart. D'Haaptaufgab vun der Ranger 1 war d'Erprouwung vun Aarbechtsmethoden an Ausrëschtung, déi fir follgend Weltraum- a Moundmissioune gebraucht goufen. E sekundärt Zil waren d'Ënnersich vu Partikelen a Felder am Raum.

D'Raumschëff war nom Block I-Design vum Ranger-Projet konzipéiert a gouf vum Jet Propulsion Laboratory gebaut. Et bestoung aus enger achtecktger Basis mat engem Duerchmiesser vun 1,5 m, op deem e véier Meter héije, kegelfërmegen Aluminiumtuerm aus Striewe montéiert war. Zwee Solarfligel, déi ausgefuer 5,2 m vu Spëtzt zu Spëtzt gemoosss hunn, waren och un der Basis festgemaach. Ausserdeem war eng Antenn um Buedem vun der Basis montéiert. D'Experimenter an déi aner Ausrëschtung waren och un der Basis oder um Tuerm festgemaach. D'ganz Mass vun der Sond war 306,2 kg. D'Temperatur gouf passiv gereegelt, andeems d'Uewerflächen entweeder vergold, mat wäisser Faarf ugestrach oder d'Aluminiumsfläche poléiert goufen.

D'Missioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Ranger 1 gouf konzipéiert, fir an engem Parkorbit ëm d'Äerd ze bleiwen a vun do aus an eng 60.000 bis 1.100.000 km héich Orbit ze kommen. D'Sond gouf och wéi geplangt an de Parkorbit geschoss, awer d'Agena B-Uewerstuf konnt net méi gezünnt ginn, fir d'Satellittebunn weider unzehiewen. Wou sech d'Ranger 1 vun der Agena-Stuf geléist hat, ass si an ee méi niddregen Äerdorbit koum an hat ze wackelen ugefaangen. Den 30. August 1961 ass si an d'Äerdatmosphär agedrongen a war vergloust.

D'Missioun vun der Ranger 1 war nëmmen zum Deel erfollegräich.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie