Ranger 3

Vu Wikipedia
Ranger 3
Kënschtleresch Duerstellung vu Ranger 3
Typ Fuerschungssatellit
Missioun Fotograféiere vum Mound
Land  USA
Agentur NASA
COSPAR-Bezeechnung 1962-001A
Start 26. Januar 1962
Startplaz CCAFC LC-12
Drorakéit Atlas-Agena-B
Enndatum 28. Januar 1962

D'Ranger 3 war eng Raumsond vun der US-amerikanescher Raumfaartagentur NASA. Et war déi drëtt Sond am Kader vum Ranger-Programm fir d'Erfuersche vum Äerdmound.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Ranger 3 war de 26. Januar 1962 u Bord vun enger Atlas-Agena-B-Rakéit vun der Startramp LC-12 op der Cape Canaveral Air Force Station gestart ginn. Wéinst technesche Stéierungen hat si de Mound ëm zirka 35.000 Kilometer verfeelt. Nom Passéiere vum Mound war d'Sond an eng solar Ëmlafbunn ageschwenkt.

D'Sond war déi éischt vun hirer Aart, déi am sougenannte Block-II-Design entwéckelt a gestart gouf. Zil vun dëser Missioun war et, Biller vun der Mounduewerfläch ze kréien. Dobäi sollt d'Sond Biller wärend zéng Minutte virun hirem Opschlag maachen. Eng mëll Landung war net geplangt, d. h., si wier haart op d'Mounduewerfläch opgeschloen an doduerch zerstéiert ginn.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Werner Büdeler: Monde von Menschenhand, Seite 196 bis 198

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]