Ranville
| |||||
|---|---|---|---|---|---|
{{{Bildtext héich}}} | |||||
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Lisieux | ||||
| Kanton | Cabourg | ||||
| Postcode | 14860 | ||||
| Gemengecode | 14530 | ||||
| Koordinaten | 49° 13’ 55’’ N 00° 15’ 23’’ W | ||||
| Fläch | 842 ha | ||||
| Bevëlkerung | 1 612 (2011) | ||||
Ranville ass eng franséisch Gemeng am Departement Calvados an der Regioun Normandie.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Ranville läit ronn 6 km nërdlech vu Caen op enger Héicht vun tëscht 8 an 42 Meter um Uwänner vun der Orne an hirem Niewefloss dem Aiguillon.
Verkéier
[änneren | Quelltext änneren]D'Uertschaft ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer d'Departementsstroossen D37 an D233A. Laanscht Uertschaft féieren d'D223 an d'D514. D'D514 verbënnt Ranville mat der Nopeschuertschaft Bénouville iwwer d'Horsa-Bréck op der Orne an d'Pegasus-Bréck um Kanal vu Caen.
Bis an d'1930er Jore war zu Ranville eng Halt vum Tram vun de Chemins de fer du Calvados op der Streck Caen-Dives.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Bei der Operation Overlord war Ranville dat éischt franséischt Duerf, dat de 6. Juni 1944 vum britteschen 13th Parachute Battalion ënner dem Lieutenant-Colonel Peter Luard befreit gouf.

