Raquel Welch
Raquel Welch | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jo Raquel Tejada |
Gebuer |
5. September 1940 Chicago |
Gestuerwen |
15. Februar 2023 Los Angeles |
Doudesursaach | Häerzkollaps |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | San Diego State University |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Sänger, Mannequin, Schrëftsteller, Schauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | André Weinfeld, Patrick Curtis |
Kanner | Tahnee Welch |
D'Raquel Welch, gebuer als Jo Raquel Tejada de 5. September 1940 zu Chicago, Illinois, a gestuerwen de 15. Februar 2023, war eng US-amerikanesch Schauspillerin.
Si hat hir éischt kleng Filmroll am Film Roustabout mam Elvis Presley. 1964 gouf si international bekannt fir hir Roll an One Million Years B.C., wou si sech mat Dinosaurieren huet missen erëmschloen, mat net vill méi u wéi engem Pelz-Bikini. Déi Roll huet hir den Duerchbroch zu engem vun de grousse Sexsymboler vum europäeschen an US-amerikanesche Kino vun den 1960er an 1970er Joren erméiglecht.
1979 huet si sech nach eng Kéier fir de Playboy knipse gelooss, fir an den 1980er virun allem Succès mat Aerobic-Videoen ze hunn. Se war nach an e puer Filmer an den 1990er an 2000er Joren ze gesinn, dorënner The Naked Gun 33⅓: The Final Insult, an där enger oder anerer Tëleesproduktioun.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]
|
|
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Raquel Welch – Biller, Videoen oder Audiodateien |