Ras el-Hanout

Vu Wikipedia
E Päckelche Ras-El-Hanout aus Marokko

Ras el-Hanout (arabesch: رأس الحانوت), wuertwiertlech: "Kapp" oder "Chef vun der Epicerie", ass eng Gewierzmëschung, déi ursprénglech aus Marokko kënnt, an an där iwwer 20 verschidde Gewierzer (séisser, batterer, schaarfer, parfüméierter) nom "Chef sengem Geheimrezept" gemëscht sinn.

Et sinn dat meeschtens, ë. a. Mëskotnoss, gedréchent Rouseknäpp, Kanéil, Macis, Anäis, Kurkuma, Chilischeeken, Lavendelbléien, Peffer, Ingwerwuerzel, Neelcheskäpp, Pimentkären, Kardamom a Galgantwuerzel.

Ras el-Hanout gëtt an der nordafrikanescher Kiche geholl fir an de Couscous, ma och soss Fleesch-Platen a Ragoûten.