Op den Inhalt sprangen

Raymond Ruffini

Vu Wikipedia
Raymond Ruffini
Gebuer 16. Dezember 1939
Gestuerwen 31. August 2024
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller

De Raymond Ruffini, gebuer de 16. Dezember 1939[1], a gestuerwen den 31. August 2024 zu Diddeleng[2],[3], war e lëtzebuergesche Foussballspiller.

De Raymond Ruffini war Verdeedeger, Kapitän an Trainer bei der Jeunesse Esch, wou hie vun 1957 bis 1969 218 Matcher an der éischter Ekipp gespillt huet.[3]

Hien huet och den 1. Mee 1963 an den 29. Januar 1967 fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[4]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. De Raymond Ruffini op der Websäit Weltfussball.de
  2. Här Raymond RUFFINI op gedenken.lu.
  3. 3,0 3,1 Guy Van Hulle: "Raymond Ruffini, faire Verdeedeger, Kapitän an Trainer vun senger Jeunesse. In memoriam." Lieserbréif op rtl.lu, 18.09.2024.
  4. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Raymond Ruffini op der Websäit vun European Football