Reassurance

Vu Wikipedia
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Reassurance ass eng Versécherungsoperatioun, déi dora besteet, datt d'Deckung vun engem Eenzelrisiko ganz oder deelweis vun enger Versécherung un eng zweet Versécherung ofgetratt gëtt.

De Vertrag mat dem éischte Versécherer a seng Konditioune bleiwe gëlteg an den éischte Versécherer bleift verantwortlech fir d'Ausbezuele vum versécherte Betrag. Meeschtens sinn et spezialiséiert Gesellschaften (Réckversécherungsgesellschaften), déi sou Operatiounen an zweeter Positioun iwwerhuelen.

D'Réckversécherung erlaabt et engem Assureur Schied mat enger Importenz ofzedecken, déi iwwer seng eege Versécherungscapacitéit erausginn.

London an New York sinn déi Plazen, wou déi meescht a gréisst Reassurancegesellschafte sech etabléiert hunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]