Reichenbach-Waasserfäll

Vu Wikipedia

D'Reichenbach-Waasserfäll (Reichenbachfall) sinn eng 300 Meter héich Kaskad vu siwen Eenzelwaasserfäll bei der Schwäizer Uertschaft Meiringen am Kanton Bern, vun deenen deen ieweschten mat enger Fallhéicht vun 120 Meter an enger Breet vu 40 Meter dee gréissten ass. Am Summer stierzen 3 bis 5 Meter Kibb Waasser an der Sekonn erof, no staarkem Reen bis zu 30 Meter Kibb.

Eng Standseelbunn, d'Reichenbach-Waasserfallbunn erlaabt et, sech dee ganze Waasserfall unzekucken. Vun der Biergstatioun féiert e Spadséierwee erop mat villen Aussiichtspunkten.

International bekannt goufen d'Reichenbach-Waasserfäll duerch den Arthur Conan Doyle. Déi vun him erfonnte Romanfigur Sherlock Holmes ass an der Geschicht The Adventure of the Final Problem am Mee 1891 zesumme mat sengem Feind, dem Professer Moriarty de Waasserfall erofgefall. An der Touristenzäit fiert ee vum Bunnpersonal als Sherlock Homes verkleet mat, fir un dee Fall z'errënneren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Reichenbach-Waasserfäll – Biller, Videoen oder Audiodateien