René Pizzaferri
| René Pizzaferri | |
|---|---|
| Gebuer |
1948 Rëmeleng |
| Alter | 77 / 78 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Gewerkschaftler |
| Auszeechnungen | Commandeur vum Ordre de la Couronne de chêne |
|
| |
De René Pizzaferri, 1948 zu Rëmeleng gebuer, ass e lëtzebuergesche Gewerkschaftler (OGBL) an Expert fir Gesondheets- a Rentefroen.
De René Pizzaferri ass zanter 1969 haaptberuffleche Gewerkschaftssekretär, fir d'éischt beim Lëtzebuerger Arbechter Verband (LAV) a vun 1979 un beim Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg (OGBL). Zanter 1984 ass hie Member vum Exekutivbüro vum OGBL.
Hien huet sech op Sozialfroe spezialiséiert a gëllt als Expert fir alles wat de Krankekeesen- a Pensiounskeesesystem zu Lëtzebuerg ugeet. Hien ass als gewielte Gewerkschaftsvertrieder Member vun de wichtegste Gremie vun der lëtzebuergescher Sécurité sociale.
De René Pizzaferri ass zanter 1995 och Grënnungspresident vun der A.s.b.l. Patiente Vertriedung, déi sech fir d'Interessi vun de Patienten asetzt. Seng verschidde Kapen, als Gewerkschaftler dee sech fir d'Salariéen an de Klinicken asetzt an als President vun der Patiente Vertriedung, ginn ënner anerem vun de Patronatsvertrieder kritiséiert.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2004)[1]
Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1999)[2]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Au ministere d'Etat Distinctions dans les ordres nationaux. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 20. Escher Tageblatt (25.06.2004). Gekuckt den 18.06.2026.
- ↑ Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg well de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
