René Schneider
René Schneider | |
---|---|
Gebuer | 20. Abrëll 1938 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
De René Schneider oder Neggy Schneider, gebuer den 20. Abrëll 1938, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller an - trainer.[1]
Tëscht dem 17. Juni 1959 am 23. Oktober 1966 huet de René Schneider 29 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 1 Gol geschoss.[2]
Als Kapitän vun der Nationalekipp huet hie mat Letzebuerg géint Portugal fir eng Sensatioun gesuergt an den 8. Oktober 1951 4:2 géint Portugal (mam Nationalheld Eusébio) gewonnen[3][4].
De René Schneider war mat sengem Veräin 1971 Champion vun der Nationaldivisioun (1. Liga) an 1964, 1969 an 1970 huet hien d'Coupe de Luxembourg (Foussball) gewonnen - allkéiers mat der Union Lëtzebuerg.[5]
Seng Spillerkarriär huet hien deemols als jonken ARBEDsaarbechter bei der AS Schëffleng ugefaangen. Do huet hie vun 1952 bis 1960 gespillt. Dunn 3 Saisone bei The National Schëffleng. Vun 1963 bis 1971 nieft senger Aarbecht bei der Stad Lëtzebuerg huet en du fir d'Union Lëtzebuerg gespillt.
No senger Carrière als Spiller war hie Foussballtrainer/Spillertrainer beim Red Star Märel, Daring Iechternach, CS Uewerkuer, Marisca Miersch a Progrès Nidderkuer.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De René Schneider op worldfootball.net
- ↑ De René Schneider op der Websäit european football
- ↑ „Schmitchen Schütze“: Petz Lahure über den 4:2-Sieg gegen Portugal vor 60 Jahren
- ↑ (de)Fundstücke aus dem Archiv: Luxemburg - Portugal. Luxemburger Wort (27.06.2024). Gekuckt de(n) 27.06.2024.
- ↑ Facebook. www.facebook.com. Gekuckt de(n) 27.06.2024.