René Mart
Ausgesinn
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
René Mart | |
---|---|
Gebuer |
10. November 1925 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
2. August 1990 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | Demokratesch Partei |
Famill | |
Geschwëster | Marcel Mart |
Kanner | Colette Mart |
De René Mart, gebuer den 10. November 1925 zu Esch-Uelzecht, an och do gestuerwen den 2. August 1990, war e lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker.
An der Stad Esch-Uelzecht war hie vun 1963 bis 1990 Member vum Gemengerot.
Vun 1969 bis 1989 war hien Deputéierten an der Chamber.
Als Deputéierten am europäesche Parlament war hie vum 26. November 1980 bis den 8. Mäerz 1982 Member, a vum 9. Mäerz 1982 bis den 23. Juli 1984 Vizepresident vum "Liberalen an demokratesche Grupp".
De René Mart war de Brudder vum Politiker Marcel Mart, a Papp vun der Schrëftstellerin a Journalistin Colette Mart.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotion 1978)[1]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 75 autres personnalités qui ont été décorées lors de la Fête Nationale am Luxemnburger Wort vum 1. Juli 1978 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 6. Dezember 2022