Revenu d'inclusion sociale

Vu Wikipedia

De Revenu d'inclusion sociale, kuerz Revis ass a Gesetzprojet fir eng staatlech Ënnerstëtzung fir Bierger mat engem ze nidderegen Akommes deen am Januar 2017 deposéiert gouf an deen Garantéiert Mindestakommes, kuerz RMG, Revenu Minimum Garanti, vun 1986 ersetze soll.[1]

Obwuel Lëtzebuerg dacks als räicht Land duergestallt gëtt, gëtt et am Land vill Mënschen, deenen et net gutt geet. 2003 hu ganzer 10 % vun de Leit ënner der Aarmutsgrenz gelieft.[2] 2008 waren et 14 %. Dofir gëtt et den RMG, d'garantéiert Mindestakommes. D'Gesetz vum RMG gouf zu Lëtzebuerg agefouert, fir datt déi Leit, déi um Existenzminimum gelieft hunn, och eng besser Chance hunn. Am Juni 2004 gouf et geännert, an 2017 revidéiert, woubäi och den Numm geännert huet.[1]

Den RMG louch am Mäerz 2009 bei 1198,67 € netto fir een Erwuessenen ouni Kanner, bei zwee Erwuessener ouni Kanner mécht den RMG 1798 € aus. All Kand dat dobäi kënnt bréngt 109 € méi.

Bestëmmunge vum RMG[änneren | Quelltext änneren]

00De Contenu vun dësem Kapitel muss wann d'Gesetz vum Revis gestëmmt ass, ugepasst ginn.

Fir den RMG ze kréien a kënne vum Gesetz ze profitéieren, mussen dës Bedingungen erfëllt sinn:

1. Residenz: Et muss een zu Lëtzebuerg ugemellt sinn, do wunnen a sech och wierklech do ophalen. Wann ee weeder eng Staatsbiergerschaft vun engem EU oder engem EWR-Land huet (Europäesche Wirtschaftsraum, EU & Liechtenstein, Norwegen, Island) heemechtslos oder e politesche Flüchtling ass, da muss ee mindestens 5 Joer wärend deene leschten 20 Joer zu Lëtzebuerg gewunnt hunn an ugemellt sinn.

2. Alter: Et muss ee mindestens 25 Joer hunn. Mä et gëtt e puer Ausnamen:

  • Wann een e Kand huet fir dat ee Kannergeld kritt.
  • Wann een e Schwéierbehënnerte fleegt, dee permanent déi Fleeg néideg huet.

3. Akommes: Wann ee keen Akommes huet oder manner wéi de soziale Mindestloun zur Verfügung huet. Dat zielt souwuel fir Eenzelpersoune wéi och fir e Stot. Et muss ee bereet sinn all Méiglechkeeten, fir seng Situatioun ze verbesseren, auszenotzen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Den RMG heescht elo Revis: Revenu d'inclusion sociale." rtl.lu, 16.01.2017, 14:35:06.
  2. Fragen zur Armut sind Zukunftsfragen. Caritas kommentiert die Rede zur Lage der Nation (23/5/2008)