Rhue
Ausgesinn
La Rhue och nach Grande Rhue genannt ass e franséische Floss am Massif central. Et ass e lénksen Niewefloss vun der Dordogne.
Hydrographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Rhue huet hir Quell am Massif central op enger Héicht vu ronn 1.300 Meter an de Monts Dore op den Häng vum Puy Ferrand net wäit vun der Schistatioun Super Besse, am Parc régional des volcans d'Auvergne, a se leeft no engem Laf vu ronn 56 Kilometer südlech vu Bort-les-Orgues an d'Dordogne
Departementer an Uertschaften op hirem Laf
[änneren | Quelltext änneren]D'Haaptnieweflëss sinn dem Waasserlaf no:
- De Lac (oder Loubinoux), lénks
- De Bonjon, lénks
- D'Santoire, lénks
- De Gabacut, riets
- Den Taurons, riets
- D'Petite Rhue (oder Rhue de Cheylade), lénks
- D'Tarentaine, riets
- De Soulou, lénks
Stroumproduktioun
[änneren | Quelltext änneren]Um Laf vun der Rhue gëtt et zwou Talspären:
- De Barrage de Grande Rhue [1], och nach Barrage des Essarts genannt flossaf vu Condat gouf 1927 a Betrib geholl. En huet eng Waasserfläch vu 37 ha.
- De Barrage de Vaussaire [2] gouf 1953 a Betrib gefoll. En huet eng Waasserfläch vun 23 ha, a säi Waasser gëtt iwwer eng 13 Kilometer laang Drockleitung an d'Zentral beim Barrage de Bort-les-Orgues geleet
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- D'Grande Rhue op der Säit vum Sandre
- Banque Hydro - Station P0272510 - D'Rhue zu Condat
- D'Gorges de la Rhue um Reseau Natura 2000
- Säit vun de Cascaden am Cantal