Rio Geba

Vu Wikipedia
Rio Geba
Längt 545 km
Leeft an Atlanteschen Ozean


De Rio Geba ass e Floss a Westafrika, deen duerch Guinea, de Senegal a Guinea-Bissau leeft, an an den Atlantik fléisst. Am Senegal heescht e Kayanga.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Dem Rio Geba seng Quell ass am Nordoste vu Guinea, am Biergland vum Fouta-Djalon.

Et ass eng Haaptkommunikatiounsoder fir Guinea-Bissau, an en ass schëffbar bis op Bafatá, déi zweetgréisst Stad am Land. De Rio Corubal ass säi wichtegsten Niewenfloss.