Op den Inhalt sprangen

Rio Paranapanema

Vu Wikipedia
Rio Paranapanema
De Rio Paranapanema nom Stauséi vu Jurumirim
Längt 929 km
Leeft an Rio Paraná

De Rio Paranapanema ass ee vun de gréisste Waasserleef am Staat São Paulo a Brasilien. Et ass en Niewefloss vum Rio Paraná an e mécht d'Grenz tëscht São Paulo a Paraná.

De Rio Paranapanema huet eng Längt vun 929 km mat engem Héichtenënnerscheed vu 570 m. E leeft am grousse Ganzen vun Oste no Westen a leeft op enger Héicht vun 239 m an de Rio Paraná.

Seng Quelle sinn an der Serra Agudos Grandes, am Südoste vum Staat São Paulo, op enger Héicht vun ongeféier 900 m.

 Commons: Rio Paranapanema – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]