Robby Naish

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Robby Naish beim Windsurf World Cup 2006 op Sylt

De Robby Naish, gebuer den 23. Abrëll 1963 zu La Jolla a Kalifornien als Robert Staunton Naish ass villfache Weltmeeschter am Wandsurfen.

Hien ass zu Kailua op Hawaii opgewuess an huet mat aacht Joer ugefaange mat Wellereiden. Mat 11 Joer ass e Standsegel gefuer. Mat 13 Joer gouf en 1976 op de Bahamas an deem Sport scho Weltmeeschter. An de 16 Joer drop koumen nach 22 Weltmeeschtertitelen dobäi.

Säi Code um Segel ass US-1111.