Robert Doisneau

Vu Wikipedia
Robert Doisneau
Gebuer 14. Abrëll 1912
Gentilly
Gestuerwen 1. Abrëll 1994
Montrouge
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Fotograf, Fotoreporter

De Robert Doisneau, gebuer de 14. Abrëll 1912 zu Gentilly a gestuerwen den 1. Abrëll 1994 zu Paräis, war e franséische Fotograf. Hien ass berüümt fir seng Schnappschëss vun Alldagszeenen aus dem Paräisser Liewen.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Robert Doisneau huet op der École Estienne zu Paräis en Diplom fir Lithographie a Gravur gemaach an duerno 1929 ugefaangen, berufflech als Fotograf ze schaffen. Säin éischte Fotoreportage gouf 1932 gedréckt. 1934 gouf e Fotograf bei der Renault-Fabrick zu Boulogne-Billancourt. Zanter 1939 huet e fräiberufflech geschafft.

Um Enn vum Zweete Weltkrich war hie Fotograf vun der Résistance an huet ë. a. d'Befreiung vu Paräis, am Summer 1944, dokumentéiert. 1946-1949 huet hie fir d'Agence Rapho als Fotoreporter geschafft. Vun 1949 bis 1952 huet hie fir Vogue Fotoe gemaach, virdrun an duerno och fir Life, Paris Match, Réalités, Point de Vue, Regards an aner Illustriert. Eng ganz Rëtsch Portraite vu bekannte Perséinlechkeete wéi de Pablo Picasso, de Fernand Léger, de Georges Braque oder den Orson Welles si sou entstanen.[1]

Am bekanntste gouf den Doineau awer fir seng Biller, déi en an de Stroosse vu Paräis gemaach huet, wou en déi "einfach" Leit an hirem Alldag geknipst huet. Ronn 350.000 Fotoen huet en am Laf vun de Joerzéngte gemaach. Eng dovun, Le baiser de l'Hôtel de Ville (1950), ass weltbekannt; se weist eng Koppel, déi sech virum Paräisser Stadhaus e Kuss gëtt. Allerdéngs war dat kee Schnappschoss, mee se war mat enger Koppel Konschtstudenten inszenéiert.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1945: Imprimeries Clandestines. Le Point, Lanzac Par Souillac.
  • 1976: Das Paris von Robert Doisneau und Max-Pol Fouchet. Volk und Welt, Berlin.
  • 1980: Drei Sekunden Ewigkeit. Schirmer Mosel, München, ISBN 3-88814-847-2.
  • 2010: Mein Paris. Schirmer/Mosel, München 2010, ISBN 978-3-8296-0502-1.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Robert Doisneau – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kalenderblatt op dradio.de vum 14.4.2012