Rommel (D 187)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Zerstéierer Rommel (D 187). Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Rommel.
Rommel (D 187)
D'Rommel 1986 mat dem Schluechtschëff Iowa bei engem NATO-Manöver
Geschicht
Klass: Charles-F.-Adams-Klass, Zerstéierer Typ Z 103/B
Hullnumero: D187
Typentworf: US Bureau of Ships
Werft: Bath Iron Works
An Optrag ginn: 30. Mäerz 1965
Op Kiel geluecht: 22. August 1967
Stapellaf: 1. Februar 1969
An Déngscht geholl: 2. Mee 1970, Boston
Enn vun der Fuerbereetschaft: 30. September 1998
Ausser Déngscht gesat: 30. Juni 1999, Wilhelmshaven
Daten
Längt iwwer alles: 134,48 m
Längt iwwer Kielwaasserlinn: 128,03 m
Breet: 14,38 m
Breet iwwer Kielwaasserlinn: 14,35 m
Déifgank: 6,37 m
Masthéicht iwwer
dem Bord vum Kiel:
47,70 m
Undriff: 2 Dampturbinne mit jee 35.000 PS aus 4 Héichdrock-Waarmwaasserdampkessele mat 1271 psi
Stroumproduktioun: 4x Turbogeneratoren à 750 kW
Verdrängung: 4162 Tonnen
Maximal Vitess: 33 Kniet
Beschleunigung 0-AK: 35 min
Fuerberäich: 1.152 sm bei 30 kn
4030 sm bei 18 kn
Kraaftstoffreserven: 950 m³
Verbrauch bei 30 kn: 19.000 l/Stonn
Besatzung: 337 Séileit
  • 23 Offizéier
  • 31 Ënneroffizéier mat Portepee
  • 97 Ënneroffizéier ouni Portepee
  • 186 Ekipp

De Lenkwaffen-Zerstéierer FGS Rommel (D187) war e Schëff vun der Bundesmarine vum Typ Z 103/B. D'Schëff huet zur Lütjens-Klasse gehéiert, eng Modifikatioun fir d'Bundesmarine vun der amerikanescher Charles-F.-Adams-Klass a war nom Erwin Rommel genannt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Schëff gouf den 22. August 1967 zu Bath bei Bath Iron Works op Kiel geluecht.

Den Zerstéierer war méi wéi 30 Joer am Déngscht vun der däitscher Marinn a war bei ville NATO-Manöveren dobäi, ënner anerem reegelméisseg als Deel vun den Natosverbänn am Atlantik (STANAVFORLANT) an am Mëttelmier (STANAVFORMED).

Beim Stapellaf den 1. Februar 1969 war den deemolege Bundesverteidigungsminister Gerhard Schröder an dem Erwin Rommel seng Wittfra d'Lucie Maria Rommel dobäi. Duerno koum d'Schëff op Boston, wou et der Bundesmarine iwwerreecht gouf. Ënner dem Kommando vum Fregattekapitän Klaus Stange ass et iwwer Lissabon, wou et getankt gouf, op Kiel, dem Heemechtshafe vum deemolegen Ersten Zerstörer-Geschwader, iwwerfouert ginn.

Den 30. September 1998 ass et ausser Déngscht gesat ginn well Betribsgenehmigung fir d'Kesselanlag ofgelaf war. Duerno louch et am Hafe vu Wilhemshaven an et gouf gebraucht fir Ersatzstécker fir déi zwee Schwësterschëffer déi nach an Déngscht waren.

Am Joer 2004 huet d'Rommel am Remorquage vum Schlepper THOMAS de GAUWDIEF seng lescht Rees op Aliaga an der Tierkei gemaach, an do gouf si ofgerappt.

Schwësterschëffer[änneren | Quelltext änneren]

  • Zerstéierer Lütjens D185 (zanter dem 18. Dezember 2003 net méi a Betrib)
  • Zerstéierer Mölders D186 (zanter dem 28. Mee 2003 net méi a Betrib)

Technesch Garnitur[änneren | Quelltext änneren]

Bewaffnung[änneren | Quelltext änneren]

  • 2x 127 mm /54 Mk 42 Mod 10 Geschëtztierm
  • 2x 20 mm Maschinnekanounen, mechanesch
  • 1x Eenzel-FK Starter Mk 13 Mod 1 fir Standard Missile an Harpoon
  • 2x 21 Rolling Airframe Missile fir Noberäichsafwier
  • 1x 8 ASROC ASW FK Starter
  • 2x 3 324 mm Torpedoréier Mk 32 Mod 7

Leitsystemer[änneren | Quelltext änneren]

  • AN/SPG-51C FK Leitradar
  • AN/SPG-51C FK Leitradar
  • AN/SPG-60 Radarbeleuchter fir Feierleitsystem Mk 86
  • AN/SPQ-9A Verfolgen-wärend-Suche-Radar fir Mk 86

Sensoren[änneren | Quelltext änneren]

  • DSQS-21B Bugsonar
  • AN/SPS-67 Séiraumiwwerwaachungsradar mat mëttlerer Reechwäit
  • AN/SPS-40D 2D-Loftraumiwwerwaachungs- a Fréiwarnradar mat mëttlerer Reechwäit
  • URD-4 TACAN Antenn (1996 ofmontéiert)
  • FL 1800 EW System
  • AN/SPS-52C 3D-Loftraumiwwerwaachungsradar mat grousser Reechwäit

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rommel (D 187) – Biller, Videoen oder Audiodateien