Rosamunde Pilcher

Vu Wikipedia
Rosamunde Pilcher
Gebuertsnumm Rosamunde Scott
Pseudonym Jane Fraser
Gebuer 22. September 1924
Lelant
Gestuerwen 6. Februar 2019
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Schrëftsteller, Romancier

D'Rosamunde Pilcher, gebuere Scott, den 22. September 1924 zu Lelant an England a gestuerwen de 6. Februar 2019, war eng englesch Schrëftstellerin vu sentimentalen an amouréise Romaner. Si huet bis 1965 och ënnert dem Pseudonym Jane Fraser geschriwwen.

Hiert Liewen[änneren | Quelltext änneren]

1946 huet si den Textilenterpreneur Graham Pilcher (1915–2009)[1] bestuet an ass mat him a Schottland geplënnert, wou se zënterhier wunnt. Nieft hirer Aktivitéit als Hausfra a Mamm vu véier Kanner (dorënner de Robin Pilcher) huet si Enn der 1940er Joren ugefaang Kuerz- a Léiftgeschichte fir Fraenzäitschrëften ze schreiwen. Mee eréischt 1988 koum hire kommerziellen Duerchbroch mat der Familljesaga The Shell Seekers. Zënterhier gouf si mat bis ewell iwwer 60 Millioune weltwäit verkaafte Bicher eng vun den erfollegräichste Schrëftstellerinne vun eiser Zäit. Den ZDF huet der ganz vill vun hire Romaner verfilmt. 2000 huet si hir Carrière op en Enn bruecht, well se sech ze al fir ze schaffe gefillt huet[2],[3].

Schreifstil[änneren | Quelltext änneren]

An hire Bicher spille Léift, Leed a Frëndschaft d'Haaptrollen. D'Gefiller vun de Charakteren gi laang a breet beschriwwen, dozou komme meeschtens staark romantiséiert Beschreiwunge vu Landschaften an England oder a Schottland, Uertschaften, Haiser an Ariichtungen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Als Jane Fraser[änneren | Quelltext änneren]

  • 1949: Half-Way To The Moon
  • 1951: The Brown Fields
  • 1951: Dangerous Intruder
  • 1952: Young Bar
  • 1953: A Day Like Spring
  • 1954: Dear Tom
  • 1956: Bridge of Corvie
  • 1958: A Family Affair
  • 1963: The Keeper's House
  • 1963: A Long Way from Home

Als Rosamunde Pilcher[änneren | Quelltext änneren]

  • 1955: A Secret to Tell
  • 1965: On My Own
  • 1967: Sleeping Tiger    (Schlafender Tiger)
  • 1969: Another View    (Lichterspiele)
  • 1971: The End of Summer    (Ende eines Sommers)
  • 1972: Snow in April    (Schneesturm im Frühling)
  • 1973: The Empty House    (Sommer am Meer)
  • 1975: The Day of the Storm    (Stürmische Begegnung)
  • 1976: Under Gemini    (Wechselspiel der Liebe)
  • 1978: Wild Mountain Thyme    (Wilder Thymian)
  • 1982: The Carousel    (Karussell des Lebens)
  • 1984: Voices in Summer    (Wolken am Horizont)
  • 1988: The Shell Seekers    (Die Muschelsucher)
  • 1990: September    (September)
  • 1995: Coming Home    (Heimkehr)
  • 1996: The Key
  • 1999: Shadows
  • 2000: Winter Solstice    (Wintersonne)

Collectiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1985 The Blue Bedroom and Other Stories
  • 1991: Rosamunde Pilcher: Flowers in the Rain: And Other Stories    (Blumen im Regen)
  • 1992: The Blackberry Day: And Other Stories
  • 1995: World of Rosamunde Pilcher
  • 1998: Christmas with Rosamunde Pilcher

Kannerbicher[änneren | Quelltext änneren]

  • 2004: Tea With Professor Gilbert

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Weihnachten mit Rosamunde Pilcher. Rowohlt Taschenbuch Verlag, Reinbek 2003
  • Claus Beling, Heidi Ulmke: Bezauberndes Cornwall. Eine Reise zu den Schauplätzen der Rosamunde-Pilcher-Filme, vgs Egmont, Köln 2005
  • Ulrike Grunewald, Petra Woebke: Auf Rosamunde Pilchers Spuren: Eine Reise durch Schottland und Cornwall. Moewig, Hamburg 2008
Dokumentatiounen
  • Rosamunde Pilchers Cornwall – ZDF-Dokumentatioun (2008) – Éischtausstralung den 31. Mee 2009
  • Rosamunde Pilchers Schottland – ZDF-Dokumentatioun (2008) – Éischtausstralung den 1. Juni 2009

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Graham Pilcher In: The Telegraph vum 3. Mee 2009
  2. Rosamunde Pilcher In: Who's Who
  3. Rosamunde Pilcher hört auf: Rente mit 87 In: Spiegel Online Kultur vum 7. Juni 2012