Rosi Mittermaier

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Rosi Mittermaier
Gebuertsnumm Rosa Anna Katharina Mittermaier
Gebuer 5. August 1950
München
Gestuerwen 4. Januar 2023
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Alpinschileefer
Gréisst 159 Zentimeter
Gewiicht 55 kg


D'Rosa Catherine, genannt Rosi Mittermaier, gebuer de 5. August 1950 zu München[1] a gestuerwen de 4. Januar 2023 zu Garmisch-Partenkirchen, war eng däitsch Schileeferin.

Nodeem si néng Joer am Alpine Schiweltcup gefuer ass, huet si bei den Olympesche Wanterspiller 1976 zu Innsbruck zwou Goldmedailen an der Descente an am Slalom grad ewéi d'Sëlwermedail am Riseslalom gewonnen. Am selwechte Wanter war si d'Gewënnerin am Generalklassement vum Weltcup. Duerno huet si hir aktiv Zäit hanner sech gelooss.

Och nom Enn vun hirer Karriär blouf si populär, sief et als Perséinlechkeet an der Publicitéit, als Sportsambassadrice oder Auteur vu Saachbicher, deels zesumme mat hirem Mann Christian Neureuther.

Si hat de Spëtznumm „Gold-Rosi“ a gouf am Abrëll 2006 als éischt Wantersportlerin an d'Hall of Fame vum däitsche Sport opgeholl.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rosi Mittermaier – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Katalog der Deutschen Nationalbibliothek - Rosi Mittermaier. portal.dnb.de. Deutsche Nationalbibliothek. Gekuckt de(n) 05.01.2023.