Rossiter-McLaughlin-Effet

Vu Wikipedia
De Rossiter-McLaughlin-Effet: Den Observateur gesäit ofwiesselnd verschidden Intensitéite vun enger Dopplerverrécklung, wann de Stär vun engem noe Begleeder verdeckt gëtt.

De Rossiter-McLaughlin Effet ass e spektrokepesche Phenomeen, genannt no den Astronome Richard Alfred Rossiter an Dean Benjamin McLaughlin, mat Hëllef vun deem d'Existenz vun engem Duebelstäresystem oder engem Exoplanéit nogewise ka ginn.

De Grondgedanken dobäi ass, datt bei engem Stär, deem säin Equator vun der Äerd aus ka gesi ginn an Doppler-Effete nogewise kënne ginn. D'Säit vum Equator, déi sech op den Observateur zoubeweegt, weist eng Bloverrécklung, déi aner eng Routverrécklung. Bei enger Bedeckung vum Stär duerch en noe Begleeder verännert sech ofwiesselend d'Intensitéit vum blo- a routverréckelten Deel. Dat erméiglecht eng Berechnung vun der Ëmlafzäit, vun der Bunnschréi a vun der Gréisst vum Begleeder.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]