Route 66

Vu Wikipedia
Tracé
Stroossemarkéierung

D'Route 66 war eng 2.451 Meilen (3.945 Kilometer) laang Strooss vun Chicago, am Illinois, queesch duerch aacht US-Bundesstaaten, op Santa Monica/LA, a Kalifornien. Si war vun 1926 un, als "US Highway 66" mat eng vun den éischten duerchgängegen a befestegte Stroosseverbindunge bis op d'amerikanesch Westküst, an tëscht den 1930er- an den 1960er-Joren déi wichtegst Ost-West-Verbindung vun de Vereenegte Staaten. Si gëtt alt America's Mother Road genannt.

Well se vill Kéieren hat an eespuereg war, gouf se wéinst dem ëmmer méi héijen Autostrafic aus- an ëmgebaut; schlussendlech gouf hiren Tracé duerch am Ganze fënnef Autobunnen, sougenannt Interstate Highways (I-55, I-44, I-40, I-15 an I-10), ersat. De 27. Juni 1985 gouf den U.S. Highway 66 vun der American Association of State Highway and Transportation Officials deklasséiert.

D'Strooss gouf eng éischt Kéier iwwer hir Transportfunktioun eraus bekannt, wéi se 1941 als Motiv an der Verfilmung vum John Steinbeck sengem Roman The Grapes of Wrath mam John Ford, mam Henry Fonda an der Haaptroll, geholl gouf. De Bobby Troup huet de Song Get Your Kicks on Route Sixty Six geschriwwen, dee mam Nat King Cole publizéiert gouf an dono vum Chuck Berry, de Rolling Stones, Depeche Mode a villen anere Museker interpretéiert gouf.

Déi Stécker vun hirem Tracé, déi haut nach erhale sinn, hu sech zanter den 1960er Jore lues a lues zu enger Touristenattraktioun entwéckelt, net zulescht wéinst den opfällege Gebaier (Bensinnsstatiounen, Motellen, Restauranten, asw.) laanscht de Wee.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: U.S. Route 66 – Biller, Videoen oder Audiodateien