Nat King Cole

Vu Wikipedia
Nat King Cole
Gebuertsnumm Nathaniel Adams Coles
Gebuer 17. Mäerz 1919
Gestuerwen 15. Februar 1965
Santa Monica
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit USA
Aktivitéit Liddermécher, Pianist, Schauspiller, Jazzmuseker, Jazzgittarist, Televisiounsschauspiller
Famill
Kanner Natalie Cole
Den Oscar Moore mam Nat Cole a Wesley Prince, zirka Juni 1946.

Den Nat "King" Cole, fir richteg Nathaniel Adams Coles, gebuer de 17. Mäerz 1919 zu Montgomery, Alabama, a gestuerwen de 15. Februar 1965 zu Santa Monica, Kalifornien, war en US-amerikaneschen Jazz-Pianist a Sänger.

Hien huet seng Musekercarrière an enger Band mat ë. a. sengem Brudder Eddie ugefaangen. Duerno huet den Nat Cole sech dozou decidéiert, als Pianist zu Los Angeles ze bleiwen. 1939 huet hie mat anere Museker den Nat-King-Cole-Trio gegrënnt, woumat e séier grousse Succès hat. 1943 huet de Cole nieft dem Pianospill och gesongen. 1946 hat de "King" Cole säin éischten Nummer-1-Hit mat "(I Love You) For Sentimental Reasons", an 1948 hat en international Succès mat senger Opnam vun "Nature Boy".

An den 1950er Joren huet e bekannt Stécker wéi "Frosty the Snowman", "Too Young", "Funny (Not Much)", "Mona Lisa", "Can't I" oder "Say 'Si Si'" gesongen. Vun 1955 war et mam Trio eriwwer, an hien huet eng Solo-Karriär ugefaangen. Hien huet sech ëmmer méi op d'Sange konzentréiert, och a Richtung Pop, an huet ënner Pseudonym (Eddie Laguna, Shorty Nadine, Sam Schmaltz) mat Jazz-Museker wéi Buddy Rich a Lester Young Placken opgeholl.

Hien hat zanter der Mëtt vun den 1950er Joren eng eege Radiosemissioun, a spéider och eng Tëleesemissioun. Ausserdeem huet hien an diverse Filmer matgespillt, meeschtens an enger Gesanksroll.

De Cole huet sech politesch fir d'Rechter vun den Afro-Amerikaner agesat. Hien ass, wéinst villem Fëmmen, u Longekriibs gestuerwen.

Hie war Papp vun dräi Kanner, dorënner d'Sängerin Natalie Cole.

Bekannt vun him interpretéiert Titelen[änneren | Quelltext änneren]

  • Its Only a Paper Moon
  • Straighten Up and Fly Right
  • Sweet Lorraine
  • Nature Boy
  • Mona Lisa
  • Lush Life
  • Poinciana
  • Ramblin' Rose
  • Unforgettable (och 1991 posthum mat senger Duechter Natalie Cole)
  • (Get Your Kicks On) Route 66
  • When I fall in love
  • L-O-V-E
  • Fascination
  • Embraceable You
  • Those Lazy-Hazy-Crazy Days of Summer
  • Autumn Leaves
  • Route 66
  • O Tannenbaum
  • Is You Is, Or Is Not My Baby (mam Ida James)

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

  • 1941: Citizen Kane
  • 1943: Pistol Packin Mama
  • 1945: See My Lawyer
  • 1953: The Blue Gardenia
  • 1954: The Adventures of Hajji Baba
  • 1957: Istanbul
  • 1957: China Gate
  • 1958: St. Louis Blues
  • 1959: Night of the Quarter Moon
  • 1960: Schlagerraketen
  • 1965: Cat Ballou

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ken Bloom: The American Songbook - The Singers, the Songwriters, and the Songs - 100 Years of American Popular Music - The Stories of the Creators and Performers. Black Dog & Leventhal, New York 2005.
  • Leslie Gourse: Nat King Cole Unforgettable. St. Andrä-Wördern, Hannibal, 1993

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nat King Cole – Biller, Videoen oder Audiodateien