Natalie Cole

Vu Wikipedia
Natalie Cole
Gebuertsnumm Natalie Maria Cole
Gebuer 6. Februar 1950
Los Angeles
Gestuerwen 31. Dezember 2015
Los Angeles
Nationalitéit USA
Educatioun University of Massachusetts Amherst,
Buckley School
Aktivitéit Sänger, Liddermécher, Komponist, Lidderschreiwer, Jazzmuseker, Filmschauspiller, Pianist, Televisiounsschauspiller, Schrëftsteller, Synchronspriecher, Discographesche Kënschtler
Famill
Papp Nat King Cole

D'Natalie Maria Cole, gebuer de 6. Februar 1950 zu Los Angeles, an och do den 31. Dezember 2015 gestuerwen, war eng US-amerikanesch Sängerin, Songwriterin a Schauspillerin.

Si war d'Duechter vum Jazzsänger Nat King Cole an der Marie Ellington. An hirer Karriär vun iwwer 40 Joer huet si eleng an den USA 13,5 Milliounen Albume verkaaft an huet domat zu den erfollegräichste Sängerinnen an den Genren R&B, Soul an Jazz gehéiert.

HIre gréisste Succès hat si mat Unforgettable (1991) engem nodréiglech zesummegesaten Duett mat hirem Papp, deen dunn schonn dout war. Hitten hat si och mat This Will Be (1975), I’ve Got Love on My Mind (1977), Our Love (1978), Someone That I Used to Love (1980), Jump Start an I Live for Your Love (1987), Pink Cadillac (1988) oder Miss You Like Crazy (1989).

Si krut am Ganzen néng Grammyen.

An hiren Autobiographien Angel on My Shoulder (2000) an Love Brought Me Back - A Journey of Loss and Gain (2010) huet si hir schwéier Drogenofhängegkeet ëffentlech gemaach. D'Suiten dovun - Hepatite C an eng Nierenerkränkt - hunn dozou bäigedroen, datt si mat 65 Joer gestuerwen ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Natalie Cole – Biller, Videoen oder Audiodateien