Roy Andersson (Filmregisseur)
Roy Andersson | |
---|---|
Gebuertsnumm | Roy Arne Lennart Andersson |
Gebuer |
31. Mäerz 1943 Göteborg |
Nationalitéit | Schweden |
Educatioun | Universitéit Lund |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmediteur, Schrëftsteller, Regisseur, Filmproduzent |
De Roy Andersson, gebuer den 31. Mäerz 1943 zu Göteborg, ass e schweedesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
De Roy ass no der Universitéit, wou hie Literaturgeschicht a Philosophie studéiert huet, och nach op d'Héichschoul vum Schweedesche Filminstitut gaangen. Hie gouf mat sengem éischte Film En kärlekshistoria aus dem Joer 1970, bekannt. Säi Film Giliap, en absurde Slapstick-Kaméidisfilm aus dem Joer 1975, hat guer kee Succès. Säin nächste Laangspillfilm Sånger från andra våningen koum eréischt am Joer 2000 an d'Kinoen.
Duerno koumen Du levande (2007) an En duva satt på en gren och funderade på tillvaron (2014) déi all duerch hir absurd Komik, hir Kritik vun der schweedescher Kultur an duerch laang Kameraastellungen opgefall sinn.
De Film En duva satt på en gren och funderade på tillvaron krut 2014 um Filmfestival vu Venedeg de Gëllene Léiw.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- 1967: Besöka sin son - (Kuerzfilm)
- 1968: Den vita sporten - Dokumentarfilm zesumme mat 10 anere Regisseuren
- 1968: Hämta en cykel - (Kuerzfilm)
- 1969: Lördagen den 5.10 - (Kuerzfilm)
- 1970: En kärlekshistoria - (engl. Titel: A Swedish Love Story) - Haaptacteuren: Ann-Sofie Kylin, Rolf Sohlman
- 1975: Giliap - Haaptacteuren: Thommy Berggren, Mona Seilitz
- 1979: Så fruktansvärt onödigt - (Dokumentarfilm)
- 1980: Tryggare kan ingen vara - (Kuerzfilm)
- 1992: Härlig är jorden - (Kuerzfilm)
- 1993: Någonting har hänt - (Kuerzfilm)
- 1967: Un matin partout dans le monde - Regie zesumme mat 11 anere Regisseuren
- 2000: Sånger från andra våningen - (engl. Titel: Songs from the Second Floor) - Haaptacteuren: Lars Nordh, Stefan Larsson
- 2007: Du levande - (engl. Titel: You, the Living) - Haaptacteuren: Elisabeth Helander, Jörgen Nohall
- 2000: En duva satt på en gren och funderade på tillvaron - (engl. Titel: A Pigeon Sat on a Branch Reflecting on Existence) - Haaptacteuren: Holger Andersson, Nils Westblom
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Roy Andersson – Biller, Videoen oder Audiodateien |