Liichttuerm Rubjerg Knude
|
| |
| Geographesch Donnéeën | |
|---|---|
| Land | Dänemark |
| Regioun/Gemeng | Gemeng Hjørring |
| Lokalisatioun | Rubjerg Knude |
| Läit um Waasser | Nordmier |
| Koordinaten | 09° 58’ 27.74’’ E 57° 26’ 51.67’’ N |
| Datum vum Bau | 1899 |
| Ausser Betrib gesat | 1. August 1968 |
| Technesch Donnéeën | |
| Héicht vum Liichtfeier | 90 m |
| Lanter |
oppe Flam vun 1948 un elektresch |
| Liichtfeier | Fl(1+2) W 30s |
| Optik | 24 Fresnel-Lënsen |
| Ka besicht ginn | Jo |
| Bewunnt | Neen |
|
| |
De Liichttuerm Rubjerg Knude (da. Rubjerg Knude Fyr) ass e Liichttuerm tëscht Lønstrup a Løkken (Gemeng Hjørring), op der Nordmierküst an Nordjylland (Dänemark).
E gouf 1900 gebaut. Vun den 1910er Joren un huet sech tëscht dem Liichttuerm an dem Mier duerch de Wand eng Dün forméiert. Déi Dün beweegt sech a Richtung Nordosten an ass ewell komplett laanscht de Liichtttuerm gezunn. Vun Niewegebaier, déi emol do stoungen, si just nach Zillen do.
Well den Tuerm selwer riskéiert huet, déi géi Küst erofzefalen, wollt déi dänesch Naturschutzadministratioun en ëm 2018 ofrappe loossen. Wéinst Protester gouf dunn awer decidéiert, den Tuerm eng 70 Meter an d'Hannerland ze versetzen. D'dänesch Regierung huet dofir 5 Millioune Kroune labber gemaach.[1] Dëst geschouch den 22. Oktober 2019 an enger spektakulärer Aktioun.[2][3]
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- De Liichttuerm an den 1970er Joren
- 1995
- 2002
- 2007
- 2009
- Nees komplett aus der Dün eraus, 2012
- Hierscht 2015: D'Lanterhaus gouf ewechgeholl
- 2019
- Informatiounstafel iwwer d'Plënneraktioun.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Liichttuerm Rubjerg Knude – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ "Leuchtturm in Jütland wird versetzt." spiegel.de, 2018-11-15.
- ↑ "Spektakuläre Rettungsaktion: Leuchtturm Rubjerg Knude Fyr zieht um." Video op youtube.com.
- ↑ "Ein Leuchtturm zieht um." spiegel.de, 2019-10-22.
