Ruffbus Capellen
De Ruffbus Capelle war en Transportsystem am Kanton Capellen.
Den 12. Juni 2008 hunn den deemolegen Transportminister Lucien Lux an d'Communauté des Transports de Pilotprojet Ruffbus Capellen - besser virukommen virgestallt.[1]
Bei deem Projet hunn d'Leit um Territoire vum Kanton Capellen d'Méiglechkeet fir en Transportmëttel zur Verfügung ze hunn, fir dat se sech net u fix Horairen oder u virbestëmmte Bus-Arrêten oder Bus-Linne mussen halen.
De Ruffbus kënnt am kierztméiglechen Delai d'Leit op Telefonsuruff hin op déi Plaz sichen, déi beim Telefonsgespréich matgedeelt gouf, a féiert se dohi wou se wëllen hikommen, ënner der Konditioun, datt den Depart an d'Arrivée um Territoire vum Kanton sinn.
Wéinst ze héije Käschten an net genuch Nofro ass de Service den 30. Juni 2010 fir zerguttst zougemaach ginn.[2]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)"Ruffbus Capellen", système de transport à la demande dans le canton de Capellen. gouvernement.lu (11.06.2008). Gekuckt de(n) 04.05.2025.
- ↑ (de)Im Kanton Capellen steht der „Ruffbus“ vor dem Aus. www.tageblatt.lu (03.06.2010). Gekuckt de(n) 04.05.2025.