Ruisseau du pré Lefèbre

Vu Wikipedia
D'Baach op der Héicht vum Bois de Wibrin

De Ruisseau du pré Lefèbre ass eng Baach an der belscher Provënz Lëtzebuerg an de Gemenge La Roche an Houffalize.

Si entsteet op enger Héicht vu ronn 600 m aus e puer Grief déi an der Fagne de Chabrehez an an der Fagne du Vigneron nërdlech vu Wibrin zesummelafen.

Vun do leeft se a südlecher Richtung laanscht d'Schlass Bois Saint-Jean, an dann duerch een Dall tëscht de Bëscher Bois de Wibrin a Bois d'Achouffe, duerno ëstlech laanscht Wibrin, fir nodeem se d'vallée des Fées hanner sech huet zu Achouffe op enger Héicht vun 325 m an d'Eau de Martin Moulin ze lafen.

D'Baach ass ronn 9.500 Meter laang, an op dem Deel tëscht de Bëscher, kann een d'Biberen déi sech do ugesidelt hunn observéieren.