Op den Inhalt sprangen

São Vicente (Cap Vert)

Vu Wikipedia
São Vicente (Cap Vert)
Geographie
Land Cap Vert
Läit an/am Atlanteschen Ozean
Koordinaten 16°51'0"N, 24°58'0"W
Fläch 227 km²
Längt 18 km
Breet 22 km
Verwaltung
Haaptuert Mindelo
Demographie
Awunner 83.467
Aner Informatiounen
Zäitzon UTC−1
Vue op Mindelo, mat der Baía do Porto Grande an dem Monte Cara

São Vicente (Ilha de São Vicente - "Insel vum Hellege Vinzenz") ass eng 227 km² grouss Insel am Atlanteschen Ozean, déi zu der nërdlecher Inselgrupp Ilhas de Barlavento ("Inselen iwwer dem Wand") vum Cap Vert gehéiert. Si läit tëscht den Insele Santo Antão a Santa Luzia, ronn 640 Kilometer westlech vun der Côte vun Afrika. D'Hafestad Mindelo dominiéert d'Insel, soss gëtt et just nach zwou kleng Uertschaften an e puer Week-end-Haisercher.

São Vicente gouf den 22. Januar 1462 entdeckt, dem Dag vum Vinzenz von Valencia. Well et esou gutt wéi kee Waasser gëtt, gouf d'insel bis an d'19. Joerhonnert kaum bewunnt an haaptsächlech vu Leit vun der Nopeschinsel Santo Antão benotzt, fir do hiert Véi op d'Weed ze loossen.

An den 1850er Joren huet sech dat schëtzeg geännert, wéi Dampschëffer opkomm sinn, an an der Hafestad Mindelo grouss Kuel-Lagere gebaut goufen. An den 1880er Jore gouf d'Insel eng wichtgeg Relais-Statioun fir brittesch Telegraphegesellschaften. Sou gouf Mindelo, déi zweetgréisst Stad vum Land, en nationalen ekonomeschen a kulturellen Zentrum.

Déi prominent Sängerin Cesária Évora kënnt och vun do; de Fluchhafe vun der Insel gouf no hirem Doud no hir genannt.

 Commons: São Vicente (Cape Verde) – Biller, Videoen oder Audiodateien