Sète

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Sètes)
Sète

Land Frankräich
Regioun Occitanie
Departement Hérault
Arrondissement Montpellier
Kanton Sète
Postcode 34200
Gemengecode 34301
Koordinaten 43° 24’ 19’’ N
      03° 41’ 51’’ O
Fläch  24,21 ha
Bevëlkerung  43 400 (2006)

Sète (op Okzitanesch Seta) ass eng franséisch Stad a Gemeng am Hérault an der Regioun Occitanie. D'Awunner heesche Sétois.

Sète ass e Fëscherhafen an Haaptuert vum Kanton Sète. Sète stéisst Süden un d'Mëttelmier an am Westen an Norden un den Étang de Thau. Nopeschuertschafte sinn am Norde Balaruc-les-Bains, am Oste Frontignac an am Weste kënnt een iwwer en natierlechen Däich tëscht dem Bassin de Thau an dem Mëttelmier op Agde.

Bis 1928 huet Sète Cette geheescht; de Georges Brassens ernimmt dee Changement a sengem Chanson Jeanne Martin.

Etymologesch hätt den Numm « Cette » dee selwechten Ursprong wéi Ceuta déi spuenesch Enklav a Marokko, wat " cétacé" op Franséisch bedeit. Dat kéim vun de Séileit hier, well déi de Bierg vu Cette vum Mier aus a Form vun engem Walfësch gesinn.

Sète gëtt och nach « l'île singulière » oder « l'île bleue » genannt.

Den Territoire vun der Gemeng kann adeelt ginn an:

  • Den Etang de Thau.
  • D'Küstesträif tëscht Sète a Marseillan mat senger laanger Plage, enger Nationalstrooss (N112), an der Eisebunnslinn Montpellier - Béziers an och nach e grousse Wéngert.
  • D'Île singulière selwer an de Mont Saint-Clair mat um Fouss vum Bierg d'Aalstad, an am Norden, Westen an op den Häng vum Bierg déi nei Residenz-Quartieren.
  • Am Oste vun der Gemeng sinn déi verschidden Häfen; en Touristenhafen, e Yachthafen, an en industriellen Hafen.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sète – Biller, Videoen oder Audiodateien