SA-1 (Apollo)

Vu Wikipedia
SA-1
De Logo vum Apollo-Programm
Missioun Apollo-Programm
Land USA
Agentur NASA
Apogeum 136,2 km
Streck 331,5 km
Gewiicht ?
Bunn-Ëmlafzäit
Drorakéit Saturn I
Notzlaascht Dummys vun der 2. an 3. Stuf
Start 27. Oktober 1961
15:06:04 UTC
Startplaz Cape Canaveral Air Force Station
LC-34
Landung 27. Oktober 1961
15:21:04 UTC
Landeplaz Atlantik
Dauer 15 min 0 s

SA-1 war den éischten Testfluch am Kader vum Apollo-Programm an den éischte Start vun enger Saturn I.

Ziler[änneren | Quelltext änneren]

D'Gréisst an d'Kraaft vun der Saturn-Rakéitefamill hunn eng nei Dimensioun an der Raumfaart duergestallt. Also huet d'NASA beschloss, e separaten Testfluch fir jiddwer Rakéitekomponent ze maachen. Déi zweet Stuf war mat Waasser gefëllt, fir d'Startgewiicht ze simuléieren. Op der Plaz vun der Notzlaascht war eng Jupiter-Rakéitespëtzt. Dat eenzegt Zil vun der Missioun war et, d'Fonctiounsfäegkeet vun der éischter Stuf ze testen.

Virbereedungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Rakéit gouf de 15. August 1961 iwwer d'Mier geliwwert. Dat gouf och als Test fir d'Liwwerung vu méi grousse Stufe vu Saturn-Rakéite gesinn. Um Hiwee gouf et schonn e puer Schwieregkeete mat dem Manövréieren an um Réckwee war den Transporter an eng Bréck gerannt, woubäi kleng Schied entstoungen. Den Zesummebau vun der Rakéit hat den 20. August ugefaangen, uschéissend waren dunn nach en ettlech Tester op der Startramp. Wéinst klenge Problemer koum den Zäitplang a Verzuch, zemools d'Testofleef och nach net automatiséiert waren.

Fluchverlaf[änneren | Quelltext änneren]

Start vun der SA-1-Missioun

De 26. Oktober, 17:30 UTC gouf den RP-1-Tank testweis op 103 % gefëllt an dunn op déi néideg Gréisst reduzéiert. Den Dag drop um 8:00 Auer war d'Betankung mat flëssegem Sauerstoff. No engem zéngstënnege Countdown mat zwou Ënnerbriechungen ass d'Rakéit um 15:06:04 UTC gestart.

De Fluch war e vollen Erfolleg, d'Rakéit hat eng Héicht vun 136,2 km erreecht a war no 15 Minutte Fluch 331,5 km vun der Startplaz ewech an den Atlantik gefall.

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptingenieuren haten där neier Rakéit nëmmen eng 75 %eg Chance ginn, fir iwwerhaapt vun der Startplaz ofzehiewen, an haten nëmmen zu 30 % dru gegleeft, datt de ganze Fluch erfollegräich géif verlafen.

Nom gelongene Fluch gouf sech op de nächsten Test (SA-2) virbereet, bei deem de Projet Highwater zum Asaz komme sollt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: SA-1 (Apollo) – Biller, Videoen oder Audiodateien