SNCB-Linn 136A

Vu Wikipedia
D'Gare vu Stave am Oktober 2010

D'Eisebunnslinn 136A war eng 10,2 km laang Eisebunnsstreck an de belschen Ardennen déi Florennes mat Ermeton-sur-Biert verbonnen huet.

Si hat hiren Ufank zu Florennes wou se Uschloss un d'Streck Walcourt-Florennes hat, an d'Enn war um Y bei Ermeton wou se Uschloss un d'Streck Tamines-Jemelles hat.

Garen op der Streck waren: Florennes-Est, Stave, Biesmerée, Ermeton-sur-Biert.

Déi eenzeg Garë vun deenen d'Gebai nach steet si Stave a Florennes-Est. Déi zu Stave ass am Joer 2010 zwar nach deelweis bewunnt, awer an engem ganz schlechten Zoustand.