Salvador Sánchez Cerén

Vu Wikipedia
Salvador Sánchez Cerén
Gebuer 18. Juni 1944
Nationalitéit El Salvador
Aktivitéit Politiker

De Salvador Sánchez Cerén, gebuer den 18. Juni 1944 zu Quezaltepeque (Departement La Libertad), ass e salvadoraneschen Enseignant a Politiker. Hie war vum 1. Juni 2014 bis den 1. Juni 2019 President vu sengem Land.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Sánchez Cerén kënnt aus enger Handwierkerfamill. Hien huet eng Ausbildung fir Schoulmeeschter gemaach an an deem Beruff geschafft. Hien huet 1965 eng Schoulmeeschteschvereenegung matgegrënnt an 1970 déi lénk arméiert Befreiungbeweegung Farabundo Martí (FPL). 1983 gouf hie Generalsekretär dovun a gouf Member vun der Generaldirektioun vum Frente Farabundo Martí de liberacion nacional. 1990 bis 1992 huet hie mat der Regierung bei de Friddensaccorde vu Chapultepec mat verhandelt. 2000 gouf hien als Deputéierte vun der FMLN an d'salvadoranescht Parlament gewielt, an 2003 an 2006 erëmgewielt. Vu Juni 2006 bis 2008 war hien de Fraktiounschef vum FMLN.

2009 gouf hie bei de Presidentewalen, wou de Mauricio Funes President gewielt gouf, als Vizepresident matgewielt, a gouf Erzéiungsminister.

Bei de Presidentschaftswale vun 2014 gouf de Sánchez Cerén den 9. Mäerz mat ganz knappser Majoritéit zum President vun El Salvador gewielt. Hie gouf an där Fonctioun den 1. Juni vereedegt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Salvador Sánchez Cerén – Biller, Videoen oder Audiodateien