Sandy Botsch

Vu Wikipedia
Sandy Botsch
Gebuer 17. Abrëll 1978
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sänger

D'Sandy Botsch, gebuer de 17. Abrëll 1978, ass eng lëtzebuergesch Sängerin.

Niewent Optrëtter als Solokënschtlerin séngt si och als Leadsängerin an der Douanesmusek, beim Käpt'n Ändä a Matrouss K1000 a bei Sandy & Rol op. Fréier war si och Member vun der Grupp Peanuts

Mat den dräi éischtgenannte Gruppen huet d'Sandy Botsch eng Partie CDen erausbruecht. Am Mee 2015 koum hir éischt Solo-CD eraus.

Hir villsäiteg Stëmm erlaabt hir e breede Repertoire ze hunn, dee vun Oldies iwwer Volleksmusek an Disco, Chanson bis hin zu Swing a Rock geet.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]