Sarthe (Floss)

Vu Wikipedia
Sarthe
Längt 313,9 km, 313 km
Debit 82,0 m³/s
Fläch vum Baseng 22.185 km²

D'Sarthe ass e Floss an Nordwest-Frankräich. Si leeft mat der Mayenne zesummen a gëtt vun do u Maine genannt. Dësen ass en Niewefloss vun der Loire. D'Sarthe huet dem Departement Sarthe säin Numm ginn.

D'Quell vun der Sarthe ass zu Saint-Aquilin-de-Corbion, am Departement Orne, op enger Héicht vun 252 m, an den Hiwwele vun der Perche. Duerno leeft se vun Nordosten no Süudosten bis op Alençon. Vun do u leeft se süd-süd-ëstlech duerch en enkt Dall an den Alpes mancelles. Hanner Fresnay-sur-Sarthe leeft se duerch d'Campagne mancelle, Fir d'éischt no Süde bis hanner Le Mans wou d'Huisne draleeft, dann no Weste bis op Sablé-sur-Sarthe an dann op en Neits no Süde bis do, wou se mat der Mayenne, zesummeleeft, fir dann, nërdlech vun Angers bei Ecouflant, de Maine ze ginn. Kuerz virdru leeft nach dee gréissten Niewefloss, de Loir an d'Sarthe. Dësen ass mat 317 km Längt méi laang wéi d'Sarthe selwer.

De Baseng vun der Sarthe ass, wéinst senge villen Nieweflëss, wourënner de Loir, mat 16 374 km² besonnesch grouss.

Departementer a wichtegst Stied duerch déi d'Sarthe leeft[änneren | Quelltext änneren]