Satellite Catalog Number

Vu Wikipedia

D'Satellite Catalog Number, SCN, (fréier och NORAD Catalog Number, NASA catalog number, USSPACECOM object number or oder einfach Catalog number an aner Varianten) ass e fënnefstellegen Identifikatiounsnumero fir kënschtlech Äerdsatellitten.

De Katalog gouf fréier vum NORAD an du vum USSPACECOM gefouert. Hie gëtt d'Bunndate vun den Objeten am TLE-Format un. Hiweiser op geheim US-amerikanesch militäresch Satellitte feelen.

2008 gouf d'Zuel vun den aktive Satellitten op ronn 900 geschat, dovu ware der ronn 400 am geostationären Orbit. Weider 350 waren net registréiert. 200 Objete schénge Weltraumoffall zu sinn, déi reschtlech 150 si méiglecherweis Militärsatellitten.

Den allgemeng zougängleche Katalog faasst ronn 12.800 Objeten an der Äerdëmlafbunn vun enger Gréissr vun zirka 10 cm un, dorënner 8130 Brochstécker vun zerstéierte Satellitten/Undriffsstufen a bei EVAen entdrifften Objeten (Stand Mäerz 2009). D'Zuel vun Objeten, méi grouss wéi 1 cm sinn, ginn op 600.000 geschat.

Een anert Bezeechnungschema ass déi international COSPAR-Bezeechnung (NSSDC-ID).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]