Sauer (Rhäin)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem däitsch-franséische Floss. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Sauer (Homonymie). |
D'Sauer zu Wœrth | |
An anere Sproochen |
fr: Sauer de: Sauer |
---|---|
Längt | 85,3 km |
Hydrographesche Baseng | Rhäin |
Fläch vum Baseng | 806 km² |
Originn | |
Originn | Quell |
Plaz | Eselssteige (Wasgau) (Rheinland-Pfalz) |
Héicht | 363 m |
Koordinaten |
49° 05’ 6.68’’ N 07° 35’ 19.54’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | de Rhäin |
Plaz | Munchhausen |
Héicht | 106 m |
Koordinaten |
48° 54’ 58.49’’ N 08° 09’ 27.92’’ O |
Geographie | |
Land |
Däitschland Frankräich |
Den däitsch-franséische Floss Sauer (de: die Sauer; fr: la Sauer) ass en Niewefloss vum Rhäin. Säi Quellgebitt läit an der Südpfalz (Rheinland-Pfalz) an Däitschland; no engem Parcours vu 85,3 km fléisst en am Elsass (Frankräich) bei Munchhausen (Bas-Rhin) vu lénks an de Rhäin. An Däitschland gëtt den ieweschte Laf vum Floss Saarbach genannt, eng Verballhornung vu Sauer(bach), déi am 19. Joerhonnert opkomm ass.
Den Delta vun der Sauer (fr: le delta de la Sauer) ass 1997 als "réserve naturelle" klasséiert ginn, mat 486,37 ha déi zweetgréisst aus dem Elsass. Wat d'Vegetatioun ubelaangt, sou falen do besonnesch déi schéi Kappweiden op, déi mat déi gréisst "saulaie blanche" (Silberweiden-Auewald, Salicetum albae) aus dem Elsass bilden. Den Delta huet eng räich Amphibiefauna, mat ë. a. der Pelobates fuscus (fr: Pélobate brun, de: Knoblauchkröte), an eng interessant Avifauna[1].