Save Our Souls

Vu Wikipedia
Save Our Souls
Grënnung: 2003
Genre: Post hardcore
Post grunge
Alternative Rock
Website: http://www.myspace.com/sosrockband
Grënnungsmemberen
Gesank: George William
Drummer: Jason D'Amelio
Bass Gittar: Joshua Jaffe (bis 2006)
Fréier Memberen
Gittar: Eddie Delgado (2003-2006)
Gittar: Dan Casper (2006-2008)
Bass-Gittar: Justin D'Amelio (2006-2010)
Gittar Elias Tannous (2003 - 2011)
Bass-Gittar: Graham Goetz (2010-2011)
Aktuell Memberen
Gesank & Keyboard: George William
Drummer: Jason D'Amelio
Gittar: Julian Ken (zanter 2008)
Keyboard, Bass-Gittar: Pete Griffin (zanter 2011)

Save Our Souls ass eng US-amerikanesch Rockband, déi 2003 vum George William, dem Jason D'Amelio an dem Joshua "Brain" Jaffe ënner dem Numm Chiba-Ken gegrënnt gouf an zanter 2010 ënner dem Numm Save Our Souls spillt.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den George William spillt Musek zanter 2001. 2003 gouf de Grupp zu New York als Chiba-Ken vum George William, Jason D'Amelio a Joshua Jaffe gegrënnt. Spéider sinn nach déi zwee Gittaristen Eddie Delgado an Elias Tannous derbäikomm. Am September 2005 hu se hir éischt EP Faces of the Moment verëffentlecht. 2006 gouf de Grupp vu Gotham Records ënner Contract geholl. Am Oktober 2006hu se hiren éischten Album verëffentlecht, deen de selwechten Numm wéi d'Band huet a vum Patrick Arn produzéiert gouf. An den USA huet sech den Album an de nächsten dräi Méint iwwer 7.000-mol verkaaft. Am April 2009 hu si hiren zweeten Album Hard to Be Human erausbruecht.

2011 ass de Bass-Gittarist Marcin Rygiel (ex-Decapitated, ex-Vader, ex-Lux Occulta) dem Grupp bäigetratt.

Save Our Souls huet Concerte mat Kittie, Iron Maiden, Ill Niño, From Autumn to Ashes, God Forbid, 40 Below Summer, Powerman 5000, Glassjaw, Cartel, The Smashing Pumpkins, Slash, Lost Patrol, Kid Cudi, Dave Lombardo, Travie McCoy, Steel Panther, Andrew W.K., The Ataris a Black Market Hero gespillt.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Demoen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2004: Chiba-Ken
  • 2006: Winter Sessions

EPen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2005: Faces of the Moment
  • 2012: Animal

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2006: Are We Innocent?
  • 2009: Hard to Be Human

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]