Schabloun:Op engem 24. Juli
- 1567: D'Maria Stuart dankt als Kinnigin vu Schottland of.
- 1783: Gebuert vum südamerikanesche Politiker a President Simón Bolívar.
- 1802: De franséische Schrëftsteller Alexandre Dumas (Papp) kënnt op d'Welt.
- 1817: Den Adolphe vun Nassau, spéidere Groussherzog vu Lëtzebuerg, gëtt gebuer.
- 1877: Gebuert vum lëtzebuergesche Fotograf Batty Fischer.
- 1903: D' Adolphe-Bréck ("Nei Bréck") gëtt an der Stad dem Verkéier fräiginn.
- 1983: Ufak vum Biergerkrich op Sri Lanka tëscht den Tamilen an de Singhalesen.
- 2003: D'Saarautobunn gëtt opgemaach.