Schabloun:Quell?
| Dokumentatioun vun der Schabloun:Quell? | [liesen] [änneren] [Versioune weisen] |
D'Dokumentatioun fir dës Schabloun steet hei ënnendrënner an ass vun der Säit Schabloun:Quell?/doc hei agebonne ginn. Kuckt och: Hëllef:Schablounen.
Dës Schabloun weist dorop hin, datt dës Ausso, wéi se do steet, duerch eng Quell, wou déi Informatioun hierkënnt, beluecht muss ginn.
Jiddweree kann hëllefen, dësen Text, dee sou, wéi en do steet, just eng Behaaptung ass, zu enger valabeler Ausso ze maachen.
Dat geschitt, andeems een d'Schabloun {{Quell?}} duerch d'Taggen <ref></ref> ersetzt an tëscht déi zwéin d'Quell schreift (wann et eng extern Websäit ass, dann ass dat den Numm an d'Adress vun der Säit).
Da muss just nach ënnen am Artikel {{Referenzen}} geschriwwe ginn, an dat Ganzt weist sech dann, nom Ofspäicheren, a Form vun enger Foussnott.
Beim Asetze vun der Schabloun kann ee fakultativ mam Parameter Grond de Grond uginn, firwat eng Referenz néideg ass, a mam Parameter Datum den Datum, op deem een d'Schabloun agesat huet.
Technesches
Op der Säit MediaWiki:Visualeditor-template-tools-definition.json gëtt definéiert, datt am Visuellen Editeur d'Schabloun {{Quell?}} an hir Viruleedung {{Source?}} eng Fënster opgoe loossen, wann een drop klickt, iwwer déi een direkt eng feelend Referenz derbäisetze kann[1]. Op där Säit sinn och d'Nimm vun de Parametere Grond an Datum definéiert, déi am Quelltext vun der Schabloun selwer net optauchen.
Kuckt och
- Schabloun:Keng Referenzen: Eng Këscht fir iwwer Artikelen ze setzen, déi guer keng Referenzen hunn.
- Hëllef:Referenzen: Eng Uleedung, wéi ee Referenzen asetzt.
Referenzen
- ↑ Kuckt och d'Dokumentatioun op MediaWiki.
TemplateData
Hei stinn d'TemplateData vun dëser Schabloun, déi vum TemplateWizard, dem Visual Editor an anerem Geschier benotzt ginn.
Beschreiwung vun der Schabloun
Fir dorop hinzeweisen, datt eng Ausso, wéi se do steet, duerch eng Quell beluecht muss ginn.
| Parameter | Beschreiwung | Typ | Status | |
|---|---|---|---|---|
| Grond | Grond | Fir de Grond unzeginn, firwat eng Referenz néideg ass | Zeecheketten | fakultativ |
| Datum | Datum | Fir den Datum unzeginn, op deem d'Schabloun agesat gouf | Datum | fakultativ |
