Schabloun:WDS 1. Oktober
Ausgesinn
- ... d' Pravčická brána an Nordtschechien déi gréisst natierlech Sandsteebréck an Europa ass?
- ... d'N 3A mat nëmme knapps 50 m déi kierzt Nationalstrooss zu Lëtzebuerg ass?
- ... "Kueb" an de spéiden 1970er Jore wéinst sengem Glach mat engem Villchen de Spëtznumm vun engem Bauprojet fir d'Europaparlament um Kierchbierg war, dee schlussendlech duerch e manner ambiziéisen ersat gouf, deen dann, trotz enger anerer Form, bis haut "Klenge Kueb" genannt gëtt?
- ... de Rubicon an der Belsch bei Remouchamps de längste schëffbaren ënnerierdesche Floss op der Welt ass?
- ... Paraskavedekatriaphobie d'Angscht virum Freideg den Dräizéngten ass?