Schabloun:WDS 18. Mee
Ausgesinn
- • ... d'Lidd Bella Ciao ursprénglech iwwer dat schwéiert Liewe vu Räis-Baierinnen am Piemont erzielt, déi ënner hirem strenge Patron ze leiden haten, méi spéit awer an en antifaschistescht Partisane-Lidd ëmgedicht gouf?
- • ...de Félix Thyes (1830-1855) deen éischte lëtzebuergesche Schrëftsteller a franséischer Sprooch war?
- … de Prix Grand-Duc Adolphe e Konschtpräis ass, deen zu Lëtzebuerg zanter 1902 all zwee Joer (virun 1995: meeschtens all Joer) un een oder méi Kënschtler vergi gëtt, déi um Salon vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) ausgestallt hunn?
- ... d'Bäerbelekierch zu Crusnes déi eenzeg Kierch a Frankräich ass, déi ganz aus Eise gebaut ass?
- … de Meuse-Musel-Kanal e Projet aus den 1820er Jore war, deen, queesch duerch d'Ardennen, Léck hätt solle mat Waasserbëlleg verbannen, an deen zwar ugefaangen, awer ni fäerdeg gemaach gouf?