Schabloun:WDS 4. Februar
Ausgesinn
- ... d'Uertschaft Biver an de Bouches-du-Rhône nom lëtzebuergesch-belsche Grouweningenieur Ernest Biver genannt gouf?
- ... d'Sowjetunioun, fir de Westen an d'Ier ze féieren, hire Kosmodrom bei Tjuratam no der Uertschaft Baikonur genannt huet, déi iwwer 300 km vun do ewechlouch?
- ... de Codex Mariendalensis, eng spéitmëttelalterlech Handschrëft iwwer d'Geschicht vun der Yolanda vu Veianen, joerzéngtelaang als verluer gegollt huet, ier en 1999 erëmfonnt gouf?
- ... den Thomas Chippendale (1718-1779) en englesche Konscht- a Miwwelschräiner war, no dem den Chippendale-Stil benannt ass?
- ... d'Buerg Malbrouck am loutrengesche Manderen nom englesche Feldhär John Churchill, 1. Herzog vu Marlborough genannt ass, deen am Spueneschen Ierffollegkrich 1705 do aquartéiert war?