Buerg Malbrouck

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
D'Schlass Meinsbersch
D'Schlass Meinsbersch am Oktober 2006
Den John Churchill, de Marlbrough aus dem Lidd Marlbrough s'en va-t-en guerre.

D'Buerg Malbrouck (muselfränkesch: Buerg Meinsbersch; däitsch: Burg Meinsberg) am loutrengesche Manderen am franséischen Departement Moselle, ass eng renovéiert mëttelalterlech Buerg. Si steet op der Kopp vum Meinsberg.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Buerg ass eng imposant Anlag. Si gesäit sech quadratesch un, wat si awer net ass: 50 m Säitelängt am Süden, 66 m am Osten, 68 m am Westen an 49 m am Norden. Op all Eck steet een Tuerm, dräi dovu si véiereckeg an een ass ronn. D'Mauere sinn tëscht 12 an 18 m héich a se si plazeweis bis 4,8 m déck. D'Trape si sou ugeluecht, datt Rietshänner se besser verdeedege konnten.

D'Geschicht an den Numm[änneren | Quelltext änneren]

D'Buerg gouf vum Arnold VI Här vu Sierk tëscht 1419 an 1434 gebaut an an den Déngscht vum Äerzbistum Tréier gestallt. Beim Doud vum Arnold si keng Ierwen do, soudatt d'Buerg tëscht dem 15. an dem 17. Joerhonnert e puermol de Besëtzer wiesselt.

Den haitegen Numm vun der Buerg geet op de spueneschen Ierffollegkrich 1705 zréck, well deemools den englesche Feldhär, den John Churchill, 1. Herzog vu Marlborough[1] sech an d'Géigend vu Sierk zréckgezunn hat (hien hat säin Haaptquartéier op der Buerg), an do vum franséische Marschall Louis Hector de Villars, deen déi franséisch Grenz verdeedegt huet, a Schach gehale ginn ass. Well de Prënz vu Baden, deen dem Marlborough sollt hëllefen, awer net erbäi komm ass, an dem Malbrouck, (wéi d'Fransousen e genannt hunn) seng Truppen näischt méi z'iessen haten, hu si sech an der Nuecht vum 16. op de 17. Juni heemlech aus dem Stëbs gemaach, an den de Villars stoung virun enger eideler Buerg. D'Buerg huet zanterhier den Numm vum Malbrouck.

D'Restauratioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Buerg gouf 1930 als Monument historique klasséiert a nodeem de Conseil général de la Moselle se 1975 kaaft hat, gouf se lues a lues an d'Rei gesat an d'Aarbechte waren 1998 fäerdeg[2].

Dës Restauratioun war den zweete grousse Schantje vun enger Restauratioun vun engem historesche Monument nom Parlement de Bretagne zu Rennes.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Eric Necker, Le château de Malbrouck - Découverte architecturale d'une résidence seigneuriale de la fin du Moyen Âge ; erausgi vum Conseil général de la Moselle, beim Verlag Serge Domini, Diddenuewen (Thionville), 2001; 89 Säiten (Ill., Pläng, Kaarten). ISBN 2-912645-39-5
  • Eric Necker, Malbrouck - Les seigneurs de Meinsberg: Le château de Malbrouck et son histoire ; erausgi vum Conseil général de la Moselle, beim Verlag Serge Domini, Diddenuewen, 2001; 108 Säiten (Ill., Stammbäm, Kaarten a Pläng). ISBN 2-912645-41-7
  • Edouard Marc Kayser, Manderen, ancienne enclave luxembourgeoise en Lorraine, et le château de Meinsberg - Esquisse d'histoire locale ; in: récré 8 (1992); Verlag vun der APESS, Dikrech; Ss. 213-229 (ill., bibliographesch Referenzen).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Buerg Malbrouck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. En Nokomme vum John Churchill ass de fréiere brittesche Premier Winston Churchill.
  2. D'Aarbechte goufe vum Chefarchitekt vun de Monuments historiques, dem Michel Goutal, dirigéiert.