Thomas Chippendale

Vu Wikipedia
Thomas Chippendale
Gebuer 5. Juni 1718
Gestuerwen 13. November 1779
London
Nationalitéit Kinnekräich Groussbritannien
Aktivitéit Architekt, Geschäftspersoun, Designer
Chippendale - Still

Den Thomas Chippendale gebuer 1718 zu Farnley am West Yorkshire, an England, a gestuerwen den 13. November 1779 zu London, war ee Konscht- a Miwwelschräiner (cabinet and chair maker).

Hie war e vun de bekanntste Miwwelschräiner vum englesche Rokoko. Hie gouf virun allem duerch säi Buch The gentleman and cabinet maker's director bekannt, dat hie 1754 erausginn huet. An dësem Buch huet hien 160 Miwwelstécker vu senger Zäit presentéiert.

1759 gouf hien an d'Society of Arts gewielt an hien huet eng Miwwelfabrék opgebaut.

No him ass den Chippendale-Stil benannt. Dorënner versteet een englesch Schreiw- a Sëtzmiwwelen, déi meeschtens aus Mahagoniholz gemaach sinn a mat Vergoldungen a Japanlack dekoréiert sinn. Dobäi gi Motiver aus dem Rokoko, der Gotik oder chineesesch Elementer gebraucht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Thomas Chippendale – Biller, Videoen oder Audiodateien