Schabloun:WDS 8. Januar B

Vu Wikipedia
Ginko
Ginko
  • ... de Ginkgo sech zanter 300 Millioune Joer kaum verännert huet an dofir als e liewegt Fossil gëllt?
  • ... d'Dräi Kinneken, déi heirëmer Balthazar, Caspar a Melchior genannt ginn, bei de syresche Chrëschten Larvandad, Hormisdas a Gushnasaph, bei den Ethiopier Tanisuram, Mika, Sisisba oder Awnison, Libtar a Kasäd, a bei den Armeenier Kagba a Badadilma heeschen, an deemno och alt just zu zwéi sinn?
  • ... dem Johann Philipp Bettendorf (1625-1698) seng Chronik vun de Jesuittemissiounen am Amazonasgebitt als eng Fondgrouf net nëmme fir Kiercherechtler a Missiounstheologen, mä och fir Ethnologen, Biologen, Historiker a Soziologen ugesi gëtt?