Schabloun Diskussioun:Infobox Uertschaft Italien

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Infobox Uertschaft Italien

| Lëtzebuergeschen Numm      = Palermo
| Numm an der Landessprooch  =    (net ausfëllen, ausser e wier anescht wéi am Lëtzebuergeschen)

Ass dat hei net e bësselchen hannevir.

Meeschtens hu mer nëmmen den Numm an der Landesprooch bis op eng hallef Dosen Ausnahmen (wann et héich kënnt). Den Numm an der Landessprooch soll m.M.n och souwisou Prioritéit hunn. Ech proposéieren deemno dat Ganzt ëmzedréinen --Les Meloures (Diskussioun) 08:57, 20. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]

Dat mécht theoreetesch absolut Sënn! Ech ännere gär meng Schabloun, just, da musse mer all eis Artikelen ëmännere goen, mécht dat dann och nach praktesch Sënn? --Otets 09:32, 22. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]
Et geet guer net ëm den theoreetesche Sënn et geet ëm dee prakteschen. Och theoreetesch ass et dernieft fir dem Lëtzebuergeschen Numm Prioritéit ze ginn. 1) Dat gouf schonns viru Joren hei duerchdiskutéiert an 2) déi Lëtzebuergesch Nimm si bei wäitem d'Ausnahm. Den heiten Opbau bréngt just d'Leit duercherneen. --Les Meloures (Diskussioun) 10:06, 22. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]
Wann et Aarbect mécht da mécht et der eben. Ech hunn déi Schabloun zwar net erfonnt, hunn awer elo nees festgestallt datt wa Problemer do sinn den Erfinder den anere Benotzer net weidergehollef huet. --Les Meloures (Diskussioun) 10:06, 22. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]
Du has mech ugaangs net verstanen, theoreetesch hat ech der vun Ufank u Recht ginn, ech hat just Angscht wat dat fir grouss praktesch Ëmstellunge mat sech brénge kéint, mee och do hues de Recht, mat deer richteger "IF" Setzung geet et ganz gutt. Ech hunn dat deemno esou geännert wéi s de virgeschloen hues. --Otets 13:53, 26. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]
Kuck och emol nach déi Diskussioun. Do gëtt et och en Hoken. --Les Meloures (Diskussioun) 13:56, 22. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]
Eng Gemeng déi d'Infobox Uertschaft Italien gebraucht gëtt als Uertschaft behandelt an der Gréisst no eventuell dann och an d'Kategorie Stad gesat. Wann an der Gemeng just déi Stad ass, da geet et jo duer d'Kategorie Gemeng manuell derbäizesetzen, wa méi Uertschaften an deer Gemeng sinn, dann ass d'Infobox vun den Uertschaften ewechzeloossen (eng fir italieenesch Gemengen hu mer awer bis ewell nach net). --Otets 13:53, 26. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]
Datt een eng Kategorie manuell kann derbäisetzen ass scho laang bekannt. Et ass awer net gutt wa mer Uertschaften déi keng Stied sinn automatesch an d'Kategorie Stad setzen, nëmme just well de Systeem dat esou wëllt. Kuck emol do no enger Alternativ.
Eise System klasséiert Uertschaften an d'Kategorie Stad, déi tëscht 10.000 an 99.999 Awunner hunn. An der de-wiki no ass Codogno effektiv eng Stad. Oder wat sinn an Italien d'Bedingunge fir datt eng Uertschaft sech däerf Stad nennen? --Otets 10:01, 27. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]
(eng fir italieenesch Gemengen hu mer awer bis ewell nach net).
Wann ech mech gutt kann erënneren hate mer awer schonn mol eng, an déi huet keng Problemer gemaach. Wou ass déi hikomm?
--Les Meloures (Diskussioun) 16:20, 26. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]
Mär hunn nach eng "Infobox Kleng Uertschaft Italien" fir all frazione déi net emol eng eege Gemeng ass. Déi eenzeg Gemengeschabloun déi mär op dëser Wiki bekannt ass a war, ass "Franséisch Gemeng 2"; wou ech awer och net weess wéini déi geholl soll ginn a wéini "Infobox Uertschaft Frankräich". Wat sollt och an enger italieenescher Gemengeschabloun aneschters si wéi an enger italieenescher Uertschaftsschabloun, well souwäit ech dat iwwerbléckt hat, besteet all Gemeng just aus enger eenzeger Uertschaft, also brauche mer keng 2 Artikele fir Gemeng an Uertschaft (sou wéi dat zu Lëtzebuerg Sënn mécht). Oder ass d'Situatioun awer anescht? --Otets 10:01, 27. Feb. 2013 (UTC)[äntweren]