Scheier
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng Scheier ass e Landwirtschaftsgebai, bei Bauerenhäff mat zwéin oder méi Stäck dat besonnesch fir d'Lagere vu Fudder wéi Hee a Stréi gebraucht gëtt. Niewebäi gëtt den ënneschten Deel och als Ofstellplaz fir Ween oder Maschinne wéi fréier d'Dreschmaschinn, de Bléiser, d'Ozmillen, d'Rommelsmaschinn asw. gebraucht[1].
Scheieren déi aleng an der Gewan stinn, gi Feldscheier genannt.
Typesch fir d'Éislek wéi fir d'belsch Ardenne sinn Héichscheierhaiser, déi besonnesch der Topographie ugepasst sinn. Bei den Héichsscheiere steet d'Scheier iwwer de Ställ sou datt ee vun der Säit vum Hank gläicherhand erafuere kann. Wann et Niveausënnerscheeder gouf, da gouf eng Ramp gebaut, oder eng Scheierbréck. Déi Scheierkonstruktioun huet d'Ofluede vun de Ween méi einfach gemaach well een eng grouss Parti vum Hee oder Stréi net huet brauchen eropzereechen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Scheieren – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: Scheieren zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Allen G. Noble. Traditional Buildings: A Global Survey of Structural Forms and Cultural Functions (New York: Tauris, 2007), S. 30.