Schiessrothried

Vu Wikipedia
De Séi vum Spitzkoepfe aus gesinn

De Schiessrothried ass e klenge Séi um Osthank vun de Vogesen, deen aus der Äiszäit staamt. E gëtt vum Wormsabachrunz gefiddert deen e lénksen Niewefloss vun der Fecht ass.

E läit um Fouss vun Hohneck a war am Ufank nëmmen en Torfmuer. Well d'Textilindustrie an d'Seeëreien, am Dall vu Munster, déi zum gréissten Deel hiren elektresche Stroum selwer gemaach hunn, op reegelméisseg Waasserquantitéiten ugewise waren, gouf e klenge Staudamm opgeriicht, duerch deen de Séi entstanen ass.

Laanscht de Séi gëtt et Trëppelpied déi vum Club Vosgien ugeluecht a gezeechent goufen.

Donnéeën[änneren | Quelltext änneren]