Schlass Arenberg (Léiwen)

Vu Wikipedia
Schlass Arenberg

D'Schlass Arenberg ass e Schlass an der Sektioun Heverlee, vun der belscher Stad Léiwen.

D'Gebai wéi et haut ze gesinn ass staamt aus dem 16. Joerhonnert, gouf awer an der Tëschenzäit ëmgebaut. D'Architektur ass gréisstendeels traditionell flämesch. Et ass aus rouden Zille gebaut, Iwwerzich, Fënsterrummen, an Ecksteng sinn aus Sandsteen. Op den zwéin Ecktierm ass als Wopendéier den däitschen Aadler ze gesinn.

D'Schlass gehéiert der kathoulescher Universitéit vu Léiwen, an am Haaptgebai ass d'Fakultéit vun den Ingenieurswëssenschaften.